OUT OF OFFICE
D’Sekretariat vun den Hobbykënschtler Lëtzebuerg asbl net besat bis den 12.05.2024
01.05.2024
Hobbymaart am Park am Becheler, Bereldange
25.08.2024
Leider si mir am Moment "COMPLET"
Bei Intressi, maacht w.e.g. eng Email op info@hobbykl.lu
a mir kontaktéieren Iech fir eventuell op eis Waardelëscht.
01.05.2024
Konscht op der Sauer
Reisduerf Kreativ 2024 Konschtausstellung zu Reisduerf
Bei Intressi, maacht w.e.g. eng Email op info@hobbykl.lu
13.04.2024
Liewege Kreativmaart am Préizerdaul 14.07.2024
Leider si mir am Moment "COMPLET"
Bei Intressi, maacht w.e.g. eng Email op info@hobbykl.lu
a mir kontaktéieren Iech fir eventuell op eis Waardelëscht.
22.04.2024
Diskutéier mat: NÄCHST REUNIOUN 05.06.2024
De Veräin huet bal all Mount seng Reunioun zu Walfer.
** Hu Dir Intressi fir matzeschwätzen,
** Hu Dir Iddien / Froen zur Organisatioun vun Ausstellungen/Mäert,
** Hu Dir Intressi um Veräin,
**
Dir sidd wëllkomm fir eis besichen ze kommen (an onverbindlech dorunner deelzehuelen).
Mir sinn oppen vir nei Virschléi an Iddien a begréissen all Initiativ vu Memberen.
Déi nächst Versammlung ass den 05.06.2024
Well d’Plaze limitéiert sinn, muss Dir Iech am Viraus umellen. Mir deelen Iech dann och déi genee Detailer mat, wéini a wou d’Reunioun ass.
Eng Reunioun mat den Aussteller Hobby'ART an der aler Kierch Rued-Sir ass zu Walfer den 02.07.2024
Eng Reunioun mat den Aussteller vu Hobbymaart "Park am Becheler" den 25.08. ass am Becheler den den 25.07.2024
Eng Reunioun mat den Aussteller vum Hobbymaart am Topaze den 5.10 & 12.10 ass zu Walfer den 03.09.2024
Eng Reunioun mat den Aussteller vum Hobbymaart am Syrkus zu Rued-Sir ass zu Walfer den 17.09.2024
Eng Reunioun mat den Aussteller vun der Billerausstellung zu Péiteng de 21.11. bis 24.11. ass zu Walfer den 08.10.2024
Eng Reunioun mat den Aussteller an der Creativa Luxexpo am Topaze den 3.10 - 05.01.2025 ass zu Walfer den 26.11.2024
Eng Reunioun mat den Aussteller vun Peintures & Sculptures 2025 ass zu Walfer den 26.11.2024
3. Hobbynuetsmaart Esch/Sauer
03.08.2024
Leider si mir am Moment "COMPLET"
Bei Intressi, maacht w.e.g. eng Email op hobbynuetsmaart@gmail.com
a mir kontaktéiere Iech fir eventuell op eis Waardelëscht.
29.04.2024
EXPO CREATIV LUXEMBURG
03.01. - 05.01.2025
2025 ass déi 11. EXPO Creativ Luxemburg um Kierchbierg an den Ausstellungshalen LUXEXPO The Box
Genee wéi déi 6 lescht Joren hu mir d’Méiglechkeet eis dorunner ze bedeelegen.
Bei Intressi maacht eis eng Email op info@hobbykl.lu
K A L E N N E R
Hei weise mir op Hobbymäert an de nächste Wochen hei zu Lëtzebuerg hin (déi mir matgedeelt kruten). E Kalenner vum ganze Joer steet ëmmer an eisem Newsletter. (ouni Garantie; mir beschränken eis op réng Hobbymäert, keng kommerziell Organisatiounen an och keng gemëschte Flou mat Hobbymäert)
01.05. Fonds de Gras, Niederpallen 05.05. Troisvierges 11.05. Weidingen 12.05. Weidingen, Burmerange, Olingen, Kayl 19.05. Buschdorf.