Hobby'ART an der Shopping Mile Nordstrooss

ausste/Lothritz Eliane/Profil.jpg
Lothritz Eliane

ZRECK



ZRECK

D’Eliane ass vu Boufer a schafft zënter 10 Joer am Specksteen a well dat éischter en Hobby fir de Summer ass, huet hatt no enger Alternativ fir de Wanter gesicht.
Zënter e puer Joer faalt hatt Schrëftzich, Logoen, Motiver an och Portraite aus Bicher.
A sengen zwee Hobbien ass d’Eliane autodidakt.
Op d’Iddi fir Biller ze maachen, ass d’Eliane komm, well hatt och Bicher hat, déi futti waren an net méi gefaalt konnte ginn. Och Musekspartituren, déi schonns al a vergilbt sinn, ginn an de Biller verschafft andeems hatt Collagen mécht mat Nouten an Instrumenter.
Eng éischte Kéier huet d’Eliane seng Biller am November 2017 op de Walfer Bicherdeeg ausgestallt.
Den Echo war esou positiv dass hatt motivéiert war fir nach weider Biller ze maachen.
Am Februar 2018 huet hatt bei der Ausstellung Peintures & Sculptures am Topaze um Mierscherbierg mat gemaach. Och op de Walfer Bicherdeeg si seng Bicher ëmmer ze gesinn an am November 2018 war d`Eliane op der Ausstellung „Mains de Maîtres“ mat derbäi.

tel 691 59 57 46

eliane_lothritz@hotmail.com





ZRECK