• Freijoersmaart

    23/03/2024 - 24/03/2024 am Topaze zu Miersch


  • 2. Liewege Kreativmaart

    14/07/2024 zu Rëmmerig am Préizerdaul

  • Hobbynuetsmaart

    03/08/2024 zu Esch/Sauer


  • Hobbymaart

    05/10/2024 - 12/10/2024 am Topaze zu Miersch


Wëllkomm op der Säit vun den Hobbykënschtler Lëtzebuerg

Mir sinn eng asbl déi sech als Ziel gesat huet fir uechtert d’ganzt Land Hobbymäert ze organiséieren, respektiv als Grupp do drun deelzehuelen. Mir ënnerstëtzen gären déi Hobbyleit, déi nach ni op engem Hobbymaart matgemaach hunn an nach keng Erfarung hunn. Et gëtt esou vill Leit, déi doheem hirem Hobby noginn a sech net trauen fir hir Wierker ënnert d’Leit ze bréngen. Sief awer gesot, dass déi Objeten, déi een ausstellt oder verkeeft, vum Aussteller selwer hiergestallt si mussen. Et däerf ee keen Artikel ausstellen oder verkafen, deen iergendwou akaaft ginn ass. Mir akzeptéieren keng reng kommerziell Aktivitéiten.

 

D’Presidentin, Eliane Lothritz